Lëtzebuerger an der Endurance-WMChris Leesch: "Wat mech um Motorradssport passionéiert, ass den Adrenalin"

RTL Lëtzebuerg
Mat nëmmen dräi Joer huet hie mat dësem Hobby ugefaangen, wat sech zu enger richteger Passioun entwéckelt huet.
Lëtzebuerger an der MotoGP
Chris Leesch: “Wat mech um Motorradssport passionéiert, ass den Adrenalin”

Dëse Weekend ass déi 45. Editioun vun der 24-Stonne-Moto-Course zu Le Mans. Dag an Nuecht um Motorrad bedeit dat fir d’Ekippen. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Chris Leesch. De 26 Joer jonke Mann fiert scho bal säi ganzt Liewe laang Moto. Mat nëmmen dräi Joer huet hie mat dësem Hobby ugefaangen, wat sech zu enger richteger Passioun entwéckelt huet. “Wat mech um Motorradssport passionéiert, ass den Adrenalin, d’Vitess an de Feeling, deen ee kritt, wann een den Helm undeet, d’Visière zou mécht an einfach a senger eegener Zon ass a seng Tier fiert a bei all Tuer probéiert, d’Limitte méi wäit ze drécken.”

Fir de geléierte Project Manager ass et mëttlerweil awer méi wéi nëmmen een Hobby. De Chris Leesch fiert als bis dato eenzege Lëtzebuerger an der Endurance-Weltmeeschterschaft mat. Hie war mat sengen Co-Equipiere leschte September ënnert anerem beim Bol d’Or dobäi, eent vun de wichtegsten Evenementer ënnert de Laangstrecke-Courssen.

“Eng 24h-Course wier natierlech keng 24-Stonne-Course ouni eppes, wat ee sech net erwaart. A mengem éischten Nuets-Relais huet et op eemol ugefaange mat reenen. Am Ufank si mer nach mat de Pneuen, déi fir d’Dréchent geduecht sinn, viru gefuer, sou laang, wéi et gaangen ass. Iergendwann hu mir awer missen alleguer erakommen a wiesselen op Ree-Pneuen. Vue dass ech d’Konditiounen am beschte kannt hunn, sinn ech direkt viru gefuer mat de Ree-Pneuen”, sou de Chris Leesch.

Aus engem Relais sinn net nëmmen zwee, mee souguer dräi ginn – duerch déi wiesselhaft Wiederkonditiounen. 100 Tier um Stéck ass hien also gefuer, an dat matzen an der Nuecht. Schlofe kënnt a sou engem Moment net a Fro fir de Chris, fir net aus dem Rhythmus ze kommen. Schlussendlech hunn de Chris a seng Ekipp et op déi 4. Plaz am Generalklassement gepackt. Dëse Weekend versicht de Chris dann zu Le Mans seng Leeschtung ze toppen.

Back to Top
CIM LOGO