ESBKChris Leesch zu Aragon op Plaz 11 am General, P1 an der Klass

RTL Lëtzebuerg
Bei der 4. Manche vun der Spuenescher Superbike Meeschterschaft ESBK konnt de Lëtzebuerger Chris Leesch e Samschdeg eng Victoire a senger Klass feieren.

An enger komplizéierter Course konnt de Chris Leesch trotz Bremseproblemer seng 1. Plaz an der Kategorie Open verdeedegen a wichteg Punkte fir d’Championnat sammelen.

Um Sonndeg ass et allerdéngs net sou gutt gelaf fir de Lëtzebuerger. Hien hat Problemer mat der Bensinsleitung, wouduerch de Motor net déi voll Leeschtung konnt developpéieren. Hie konnt sech nach als 19ten iwwert d’Arrivée retten an als 7ten a senger Kategorie “Open”. Dat war sécherlech net dat Resultat, wat hie sech erwënscht hat, ma trotzdeem kruten en nach puer Punkte fir d’Championnat.

Back to Top
CIM LOGO