Iwwerraschung an der Formel 1Christian Horner net méi Teamchef bei Red Bull

RTL Lëtzebuerg
Zanter 2005 war de Britt Teamchef bei der Formel-1-Ecurie vu Red Bull. Mat effet immédiat krut hien awer elo de Stull virun d'Dier gestallt.
© visa cash app racing bulls media

Trotz engem Kontrakt bis 2030 ass de Christian Horner vun e Mëttwoch de Moien un net méi Teamchef vu Red Bull. De Britt hat d’Soen als Chef vun der Ecurie, en hat de Virsëtz am Ressort vun der Technik a vun de Motoren, grad esou wéi am Marketing. Red Bull stécht dës Saison awer an der Kris. Dat an dem Horner säi Skandal vum leschte Joer, deen nach ëmmer net richteg opgeschafft ass, hu wuel dozou bäigedroen, dass en elo senger Wee muss goen. Offiziell gëtt vun enger “Ëmstrukturéierung” geschwat. Neie CEO vum Team gëtt de Laurent Mekies, dee bis elo déi Tâche bei der Partner-Ecurie Racing Bulls hat. Dat huet Racing Bulls och schonn offiziell matgedeelt. Dem Mekies säi Successeur do wäert den Alan Permane ginn, dee bis elo Sportchef war.

© visa cash app racing bulls media

Offiziellt Schreiwes vun Visa Cash App Racing Bulls Media

Back to Top
CIM LOGO