Ligier European SeriesClément Seyler konnt sech iwwert de Weekend verbesseren

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun de Ligier European Series ass de Lëtzebuerger Clément Seyler op engem Ligier JS2 R an der Belsch um Circuit vu Spa Francorchamps ugetrueden.

Dëst zesumme mat sengem franséischen Teamkolleeg Fabien Michal am Team HRC.

An der 1. Course vum Samschdeg komme si op Plaz 11 am General an op déi 8. Plaz an hirer Klass (JS2 R). Déi éischt 3 Plazen am General goungen un déi 3 Teams, déi am méi staarken Ligier JS P4 fueren.

Fir déi 2. Course hat sech de franéisch-Lëtzebuerger Duo virgeholl et besser ze maachen, an dat ass hinnen och gelongen. No 24 Ronne war et Plaz 6 am General a Plaz 3 an hirer Klass. Domat stoung de Lëtzebuerger nees eng Kéier bei enger internationaler Course um Podium.

Back to Top
CIM LOGO