Blancpain European GT4 SeriesClement Seyler/Pascal Bachmann gewannen Amateur-Wäertung

RTL Lëtzebuerg
Um Nürburgring gouf e Sonndeg déi lescht Course vun de Blancpain European GT4 Series gefuer. De Clement Seyler a Pascal Bachmann gewannen den AM-Titel.
Clement Seyler a Pascal Bachmann
Clement Seyler a Pascal Bachmann

Hinnen hu virun der leschter Course just 2 Punkte gefeelt, fir sech den Titel ze sécheren. Dofir sinn se d’Course um Sonndeg ganz virsiichteg ugaangen. Si hu sech aus alle Reibereien erausgehalen an hu just gekuckt déi 60 Minutte laang Course ouni Schued op en Enn ze fueren.

Dat ass hinne gelongen, woumat de Lëtzebuerger Clement Seyler an de Schwäizer Pascal Bachmann d’AM-Wäertung vun de Blancpain European GT4 Series 2019 fir sech entscheede konnten.

© Antoine Seyler

Back to Top
CIM LOGO