Ligier European SeriesClément Seyler um Circuit Paul Ricard mat Podiumsplatzéierung

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg goufen a Südfrankräich zwou weider Manche vun de Ligier European Series gefuer, bei deenen de Clément Seyler och engagéiert ass.

Am Qualifying fir déi 1. Course sinn de Clément Seyler an de Fabien Michal um Ligier JS2 R déi drëttséierst Zäit gefuer am General, an déi zweetséierst an hirer Klass. An der Course sollte se allerdéngs nach eng Positioun verléieren a kommen um Enn op Plaz 4 am General, an op Plaz 3 an der Klass iwwert d’Arrivée.

Fir déi 2. Course goung et vu Plaz 5 fort, mat als Startfuerer dem Clément Seyler. No 18 Ronne konnt sech d’Team Seyler/Michal ëm 1 Plaz verbesseren a si ginn déi 4. am General, grad ewéi an der Klass.

Back to Top
CIM LOGO