Nodeems d’lescht Joer dësen Oldtimer-Rallye duerch d’Corona-Pandemie vum Mee an den Oktober verluecht gouf, hunn d’Organisateuren aus der selwechter Ursaach dëst Joer dëse prestigiéise Rallye ëm 1 Mount no hanne geréckelt. 393 Equipagen, ënnert hinne 7 Lëtzebuerger, hunn e Mëttwoch zu Brescia den Depart geholl. D’Arrivée war e Samschden den Owend no 1000 Meilen nees zu Brescia. Et goufe wéi gewinnt 4 Etappen, wou am Ganzen 112 „Specialen“ gefuer musse ginn. D’Etappe waren
1) E Mëttwoch vu Brescia op Viarregio
2) En Donneschdeg vu Viareggio op Roum
3) E Freideg vu Roum op Bologna
4) E Samschde vun Bologna nees zeréck op Brescia
45) Vanni CURRIDOR – Laurent MEYERS ( Alfa-Romeo 6C 1750 Super Sport Zagato vun 1929 ) 58) Marco SGRECCIA -Iris STEUER (Fiat 8V Berlinetta vun 1954)
64) Albert WETZ – Simone MARCHIONI ( Alfa-Romeo 6C 1750 Gran Sport Zagato vun 1930 )
91) Marc NIEDERKORN – Frank BECKER ( Cisitalia 202 SMM Spyder Nuvolari vun 1947 )
121) Marc a Stéphane LENERT ( Lancia Aurelia B21 vun 1951 )
319) Marco ROLLINGER - Léon BREBSON ( Ferrari 340 America Berlinetta Vignale vun 1951 )
Vum Equipage Danny ROLLINGER – Paul FLESCH ( OSCA MT 4 1100 2AD vun 1955 ) hu mir kee Klassement.
Gewonne gouf d‘Editioun 2021 vum italieneschen Duo Andrea VESCO a Fabio SALVINELLI op engem Alfa-Romeo 6C Super Sport vun 1929.