Endurance-WeltmeeschterschaftDe Chris Leesch wëll weider no vir

RTL Lëtzebuerg
Dës Saison wäert de Lëtzebuerger nieft der Endurance-WM och déi franséisch Superbike-Meeschterschaft fueren.
Portrait Chris Leesch
De Lëtzebuerger Motorradsprofi wëll dës Saison weider no Vir kommen.

Et huet ee puer Joer gedauert, ma de leschte September huet de Chris Leesch mat der Ekipp RAC41 Chromeburner seng éischt Course vu der Endurance-Weltmeeschterschaft gewonnen. Mam 100. Bol d’Or war dat eng legendär a geschichtsträchteg 24-Stonnen-Course. Nach ni war ee Lëtzebuerger esou séier um Moto ënnerwee wéi de Chris Leesch.

Dës Saison wëll hien ee weidere Schrëtt a senger sportlecher Karriär maachen. Ënnerstëtzt vun Honda France wäert de Motorsportler nieft der Endurance-WM och déi franséisch Superbike-Meeschterschaft fueren. Um Enn vun enger laanger Trainingswoch a Spunien huet huet den 28 Joer ale Coureur um Circuit zu Valencia de beschte Setup fir seng nei Honda Fireblade gesicht.

Back to Top
CIM LOGO