NASCAR Euro SeriesDe Gil Linster fiert zu Most zweemol an d’Top Five

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger ass och beim NASCAR GP Czechia zu Most zweemol an den Top Five iwwer d’Zillinn gefuer a sammelt weider wichteg Punkte fir d'Meeschterschaft. Nom Weekend an Tschechien läit hien op der drëtter Plaz am Generalklassement.
De Gil Linster zu Most.
© Kilian Coufal

Wéinst senger Konstanz – hien ass dëst Joer nach an all Course an den Top 5 ukomm – muss de Gil Linster elo souguer eng fënneft Plaz sträichen: No der regulärer Saison sträicht nämlech all Pilot säi schlechtste Resultat a beim Lëtzebuerger ass dat eeben eng P5.

"An de leschte véier Coursse gëtt et duebel Punkten, do kanns du vill guttmaachen, awer och vill verléieren. Meng Ausgangspositioun no Most ass awer wierklech gutt, a mäi Team an ech gi vollen Asaz, fir dës Meeschterschaft op Lëtzebuerg ze bréngen", sot en zefriddene Gil Linster bei eis um Mikro.

D’Coursse selwer waren e Samschdeg a virun allem e Sonndeg haart ëmkämpft.

E Samschdeg ass de Gil Linster vu P5 aus gestart a konnt eng Plaz guttmaachen. De Podium huet hien um Enn just ëm 18 Honnertstel verpasst.

E Sonndeg ass de Gil Linster vu P4 aus an d'Course gaangen. No e puer Ronnen huet d’Nummer 54 hie vun der Pist gedréckt, sou datt de Lëtzebuerger mat enger 360-Grad-Dréiung de Won nees ofgefaangen huet. Duerno huet hie sech nach bis op déi fënneft Plaz no vir gekämpft.

"De Claudio [Cappelli (n.v.d.R.)] ass sech bei mech entschëllege komm, mee et ass net déi éischte Kéier, datt hie mech touchéiert. Hien ass ëmmer erëm e bëssen ze motivéiert", sou de Gil Linster.

Viru Vallelunga bleift den Thomas Toffel mat 254 Punkte weider éischten am Generalklassement, virum Thomas Dombrowski (237 Punkten) an dem Gil Linster (234 Punkten).

Déi nächst Course ass den 19. an den 20. September zu Vallelunga an Italien.

Back to Top
CIM LOGO