
Seng Leeschtunge vun zejoert, wou hien op engem Hyundai i20 R5 den Zweeten an der Junior-Europameeschterschaft ginn ass an den Drëtten an der Rallye-EM, hunn den Decideure bei Hyundai d’Decisioun sécherlech erliichtert, wéi se hire Programm fir 2021 festgeluecht hunn.
An der WRC2 an der Rallye-Weltmeeschterschaft setzt Hyundai op den Ole Christian Veiby, den Oliver Solberg an de Jari Huttunen.
De Grégoire Munster wäert sech op dat belscht Rallye-Championnat konzentréieren, dat zesumme mam Team BMA. Donieft sinn awer e puer international Courssen geplangt. De geneeë Programm soll an den nächsten Deeg verëffentlecht ginn.

An Irland ass et de Josh McErlaean, deen als Junior vun Hyundai ënnerstëtzt wäert ginn dës Saison.