Hei goufen d’Championen aus deene verschiddene Competitioune geéiert, vum Karting, iwwert Biergcourse bis Rallye. Dobäi kommen awer och nach d’Titelen an der Coupe des Dames an an der Nowueswäertung.
Wien do alles e Präis géif kréien, war jo am Fong duerch d’Resultater vun zejoert bekannt. Ma een Titel stoung awer nach op, an dat war dee vum “Autosportler vum Joer”.