
54 Piloten aus 53 Natioune waren an dëser Trophy ugemellt a fir Lëtzebuerg ass de Guillaume Bouzar un den Depart gaangen.
No de Courssen an der Belsch an an Italien, war et a Frankräich drun erauszefannen, wien dëst Joer den Titel mat heem hëlt. No 4 Wäertunge loung de Lëtzebuerger Guillaume Bouzar un der Tabellespëtzt mat 54 Punkten. Op Plaz 2 de Kolumbianer Matias Orjuela mat 43 Punkten an op Plaz 3 den Arthur Dorison mat 35 Punkten.
De Lëtzebuerger hat deemno eng Avance vun 11 Punkten, éier et op Le Mans gaangen ass. Hei war et den Arthur Dorison, deen de beschten Dag erwëscht hat. Net nëmme koum de Fransous op déi 1. Plaz, ma hien huet och déi séierste Ronnenzäit op de Parcours bruecht. De Lëtzebuerger Guillaume Bouzar ass als 6. mat engem Retard vun 2.843 Sekonnen iwwert d’Zillinn gefuer. De Kolumbianer Marias Orjuela ass d’Course net op en Enn gefuer an huet 9 Ronne viru Schluss säi Kaart ofgestallt.

Am General huet sech den Arthur Dorison mat 60 Punkten d’Victoire an der FIA Karting Academy Trophy geséchert, virum Lëtzebuerger Guillaume Bouzar op Plaz 2 mat 54 Punkten an dem Matias Orjuela mat 43 Punkten.


D’Enttäuschung no der Course war natierlech grouss beim Lëtzebuerger, well d’Victoire méiglech war.
Elo heescht et awer sech nees nei fokusséieren, well an 2 Woche geet et zu Sarno ëm d’Weltmeeschterschaft.