Formel 1De Lando Norris huet säi Kontrakt bei McLaren fréizäiteg verlängert

RTL Lëtzebuerg
De 24 Joer ale Britt hat u sech nach e Kontrakt bis 2025, also bis d‘nächst Joer nach mat.

Elo huet d‘Ecurie vum Zak Brown annoncéiert, datt de Norris e Kontrakt, deen do eriwwer eraus geet, ënnerschriwwen huet. Wéi laang gouf net gesot, et huet just am Communiqué geheescht; „a multi-year contract“. De Lando Norris fiert zanter 2019 bei McLaren a war an der Formel 1 nach ni bei enger anerer Ecurie.

Back to Top
CIM LOGO