
Schumacher CLRT heescht vun dëser Saison un, déi nei Ecurie vum zweemolege Champion Larry ten Voorde.
Mat hiren zwee neien erfuerene Fuerer ten Voorde a Klein, esou wéi dem Rookie-Champion Ghiretti wëlle si et Lechner Racing dëst Joer esou richteg schwéier maachen. No dëser Course um Autrodromo Enzo e Dino Ferrari liwwere si dofir och déi ideal Viraussetzungen:
Den ten Voorde ass um Samschdeg an der Qualifikatioun schonn déi séierste Ronn gefuer a konnt soumat um Sonndeg virum Harry King an dem Rookie Robert de Haan un de Start goen. Allerdéngs huet den neie Rekrutt bei Schumacher CLRT ënnert engem schlechte Start gelidden a wier scho bal vum Harry King virun der éischter Kéier iwwerholl ginn.
No enger turbulenter Startphas an engem Safetycar huet den ten Voorde sech awer du vum Harry King ofgesat a konnt domat no 14 Ronnen seng zéngte Course am Porsche Supercup gewannen. Den Harry King an de Marvin Klein komplettéieren de Podium.
Net ukomm, sinn de Rookie-Champion Ghiretti, den Italieener Simone Iaquinta an zwee vun den zéng Rookien dëst Joer, Tauscher a Jaubert.
Déi nächst Course gëtt direkt nächste Weekend zu Monaco gefuer. D’Course kënnt Dir wéi gewinnt bei eis op RTL.lu an RTL Play streamen.
