
Mat dobäi sinn aus Lëtzebuerger Siicht de Chris Leesch vun der Ekipp RAC41-CHROMEBURNER an der Superstock Klass, wou fënnef Motorrieder un den Depart ginn. Fir d’Weltmeeschter-Ekipp Yoshimura SERT Motul vum leschte Joer geet och de Xavier Simeon, neie Co-Kommentator vun der MotoGP op RTL 5minutes, nees mat un de Start.
Nodeems dem Chris Leesch säin Teamkolleeg Grégory Fastré an eng Chute verwéckelt gouf, huet hie misse wéinst enger gebrachener Hëft a Schëller opginn. Esou huet d’Ekipp séier missen een neien drëtte Pilot sichen. Am Qualifying hunn de Chris Leesch an de Wayne Tessels alles aus hirer Honda CB R1000 SP erausgeholl a konnte sech soumat als gutt 17 vun 52 fir d’Course qualifizéieren.
Sidd live dobäi beim Start vun der neier Endurance Weltmeeschterschaft dëse Samschdeg um 15:00 Auer op RTL Play an RTL Today.