Formel 1De Lewis Hamilton huet bis 2023 bei Mercedes verlängert

RTL Lëtzebuerg
De Lewis Hamilton huet säi Kontrakt e Samschdeg fréizäiteg ëm 2 Joer verlängert.
© AFP

De Formel-1-Rekordweltmeeschter hat dëst Joer, just e Kontrakt vun enger Saison ënnerschriwwen. De 36 Joer ale Sir Lewis sot, datt hie sech schonn op déi ganz nei Autoen vun der nächster Saison freet a mat Mercedes souwuel op, wéi nieft der Streck nach vill wëll erreechen.

Den Teamchef Toto Wolff huet wësse gedoen, datt hie sech fir déi nei Ära, wat d‘Autoen ugeet, kee bessere Pilot wéi den Hamilton kéint virstellen.

Back to Top
CIM LOGO