
D’Legend Boucles à Bastogne ass dat onëmstridde gréissten Event am klassesche Rallyesport an eise Géigenden. Wou fënnt een iwwer 300 Aschreiwungen bei engem anere Rallye? Am Joer 2006 huet de Pierre Delettre di legendär Boucles de Spa, déi säit 1953 am Kalenner vun der belscher Rallye Meeschterschaft wor, an d’Legend Boucles de Spa ëmgewandelt.
Zanter 2015 ass de Rallye Zentrum op Baaschtnech geplënnert a gëtt och zënterhier Legend Boucles à Bastogne genannt. Déi 19 Etappen an de Kategorië Legend, Classic an Challenger ginn dann och elo duerch d’Province de Luxembourg an duerch d’Ardennen, fir souzesoen eng nei „Bataille des Ardennes“ fir motoriséiert Klassiker ze organiséieren.
Och dëst Joer waren net manner wéi 339 Autoen ugemellt, dorënner och eng Partie Lëtzebuerger Piloten a Co-Piloten. Souwuel Samschdes ewéi och Sonndes goufen zwou Etappen ofgesot, wéinst dem onméigleche Behuele vu verschiddenen Zuschauer, wat dann och nach laang Waardezäite mat sech bruecht huet. Mee de Rallye ass trotzdeem méi oder wéineger gutt iwwer d’Bühn gaangen.
Gewonnen huet de fréieren WRC-Pilot Mikko Hirvonen aus Finnland, virum Fred Caprasse an dem Adrien Fernément, allen dräi op Ford Escort.
De Bernard Munster an den Thierry Neuville hu schonn um Samschde misse mat techneschem Defekt opginn.
Bescht Lëtzebuerger gouf den Equipage Kridel/Hack op der 41. Plaz mat hirem Porsche 911 SC. Si lounge laang Zäit an den Top20, eng Strof vun iwwer 2000 Punkten um Enn huet se awer wäit no hanne geheit. Op Nofro hin hat den Aly Kridel keng Erklärung, wou déi Strof hierkënnt. Si goufen um Enn och dovun iwwerrascht a fuerschen aktuell no, wéi déi Zustane komm ass.

Den Organisator Pierre Delettre huet iwwerdeems um Sonndeg den Owend bei der Arrivée e Malaise gemaach. En ass mat enger Ambulanz an d’Spidol zu Baaschtnech gefouert ginn. An Tëschenzäit soll et him awer nees besser goen, melle belsch Medien.
Resultater:
1.- Hirvonen / Ottman - Ford Escort RS (1544 Punkten)
2.- Caprasse / Razzi - Ford Escort RS
3.- Fernément / Devleeschrauwer - Ford Escort RS
4.- Berlandy / Schaaf - Opel Kadett C
5.- Matton / Podgorny - Porsche 911 SC
6.- Van de Wauver / Surinx - Lancia Beta Coupé
7.- Galand / Barvaux - Peugeot 504 Coupé
8.- De Mevius / Jalet - Nissan 240 RS
9.- Duez / Castelein - BMW M3
10.- Cherain / Chatelain - Ford Escort RS
41.- Kridel / Hack - Porsche 911 SC
