Porsche SupercupDe Red Bull Racing Circuit läit dem Dylan Pereira gutt

RTL Lëtzebuerg
Déi leschte Saison gouf den Dylan Pereira hei um éischte Weekend den Zweeten an um zweete Weekend konnt hien d'Course gewannen.

De Circuit zu Monte Carlo verzeit näischt. Dat krut den Dylan Pereira Enn Mee bei der éischter Course vum Porsche Supercup ze spieren. Ee klenge Feeler an um Enn ass den 23 Joer ale Lëtzebuerger am Qualifying net iwwert eng 27. Plaz erauskomm.

Et wier awer vill méi dra gewiescht. Ëmmerhi war de Pilot vum Team BWT Lechner Racing am fräien Training nach déi beschten Zäit gefuer. An der Course konnt sech den Dylan Pereira 16 Plaze bis op déi 11. no vir kämpfen a krut bei der Victoire vum Larry Tenvorde wéinstens nach 5 Punkten.

No der Course lescht Saison zu Spa an Porsche Carrera Cup hätt den Dylan Pereira awer gemierkt, dass een och e grousse Retard am Klassement kann ophuelen. De Auto wier gutt a séier an lo géif mam Red Bull Ring ee Circuit waarden, deen hie gären huet.

Déi nächst zwee Weekender schléit de Porsche Supercup Zirkus seng Zelter zu Spielberg an Éisträich op, e Circuit deem den Dylan Pereira läit. D’lescht Saison ass hien beim Saisonsoptakt den 2. ginn an huet déi zweete Course eng Woch méi spéit souguer gewonnen.

D’Form stemmt op alle Fall. Den Dylan Pereira ass leschte Weekend zu Spa zwou Coursë vum Porsche Carrera Cup Frankräich gefuer an koum op Plazen 2 an 3.

Zu Spielberg wëll de Lëtzebuerger Pilot awer nach méi. An op him dat geléngt, gitt der e Sonndeg vun 12.20 Auer ulive um RTL ZWEE, op RTL.lu an RTL Play gewuer.

Back to Top
CIM LOGO