
Den 32 Joer ale Mexikaner huet net nëmmen e Sonndeg de Grousse Präis vun Monaco gewonnen, ma en Dënschdeg huet seng Ecurie annoncéiert, datt de Perez och nach déi nächst zwou Saisone bei Red Bull fiert.
Den dräifache Grand-Prix-Gewënner war och eréischt virun zwou Wochen eng drëtte Kéier Papp ginn. De Sergio Perez bleift domat op d’mannst bis 2024 un der Säit vum Weltmeeschter Max Verstappen.