
Hie soll bis op d’mannst Enn vun der Saison 2021 bleiwen, wat drop hindeit, dass et nees just e Kontrakt vun engem Joer fir de Bottas ass. Et ass déi véierte Kéier hannerteneen, dass säi Kontrakt ëm 1 Joer verlängert gëtt.
Den Teamchef Toto Wolff lueft de Bottas... e wier sou staark wéi nach ni virdrun, souwuel fuereresch, wéi och physesch a mental.
Hien huet aktuell 58 Punkten aus 4 Courssen a läit domat op Plaz 2 an der Fuerer-WM, hannert sengem Teamkolleeg Lewis Hamilton (88 Punkten).