AutosportDe Walter Lechner ass dout

RTL Lëtzebuerg
Wéi Lechner Racing um Mëttwochmoie matdeelt, ass hire Patron Walter Lechner am Alter vun 71 Joer, no schwéierer Krankheet, gestuerwen.

„Hie war deen eenzegen, dee wierklech u mech gegleeft huet. Hien huet mäi Liewe changéiert.“, esou den Dylan Pereira an enger éischter Reaktioun. De Lëtzebuerger ass déi lescht 4 Joer fir d’Lechner-Team gefuer, an huet och ganz enk mam Walter Lechner zesummegeschafft. Dem Dylan seng exzeptionell Leeschtungen dës Saison si sécher zum groussen Deel de Verdéngscht vu sengem éisträicheschen Teamchef.

De Walter Lechner war net nëmmen de Patron vu sengem eegene Rennteam, hien huet sech och eng Freed dorausser gemaach, jonke Pilote bäizebréngen, wéi se séier Auto fueren. Egal wou säin Team am Asaz war, stoung hien iergendwou um Circuit, an huet seng Pilote mam Handy gefilmt, fir hinnen duerno z’erklären, wou se Zäit verléieren. Esou huet Lechner Racing déi divers Porsche-Markepokaler dominéiert. 2020 huet de Lechner-Pilot Jaxon Evans de franséische Carrera Cup gewonnen, an den Dylan Pereira gouf mam rosa Lechner-Auto Vize-Champion am internationale Porsche Supercup.

Den Éisträicher Walter Lechner ass 1978 seng éischten Autoscourse gefuer, an huet 1985 mat der „Walter Lechner Racing School“ säin éischten Team gegrënnt. 1996 huet hien e Schlussstréch ënnert seng aktiv Karriär gezunn, an huet sech op d’Gestioun vu sengem Team “Lechner Racing” konzentréiert. Och seng zwee Bouwen Robert a Walter jr hu sech am Laf vun de Joren en Numm am internationalen Autosport gemaach.

Back to Top
CIM LOGO