
De Pascal Bachmann an de Lëtzebuerger Clement Seyler kämpfen an der Amateur-Wäertung ëm den Titel. Duerch hier 2. Plaz an där Kategorie an der Course vum Samschdeg, konnte se zwar e grousse Schratt Richtung Titel maachen... ma well hir Konkurrenten David Loger an Eric Mouez déi drëtt goufen, bleift et bis déi lescht Course spannend. Dem Team Bachmann/Seyler feelen 2 Punkten, fir GT4 European Champion ze ginn. An der Course um Samschdeg hat hiren Aston Martin mat Iwwerhëtzungsproblemer ze kämpfen. Et bleift ze hoffen, dass den Auto um Sonndeg keng Problemer huet.
D’Course gëtt um 10.55 Auer gestart an dauert eng Stonn.
Och an den anere Kategorien “Silver” a “Pro-AM” fält d’Decisioun eréischt um Sonndeg an der allerleschter Course vun dëse Blancpain European GT4 Series.