
Bis ewell ass den Albon 2019 an der Kinneksklass scho bei Toro Rosso a Red Bull gefuer. 2020 war hien integral am Déngscht vu Red Bull an ass zwee Mol op de Podium gefuer. Säi Cockpit huet hien awer dës Saison un de Sergio Perez verluer a war als Test- an Ersatzpilot fir Red Bull am Asaz a goung och an der DTM un den Depart.