Champion 2022Den Autocross-Europameeschter Kevin Peters am Portrait

RTL Lëtzebuerg
Virun engem Mount gouf de Kevin Peters Europameeschter am Autocross.
Kevin Peters am Portrait
Virun engem Mount gouf de Kevin Peters Europameeschter am Autocross.

Mat sengem 1600er Buggy gehéiert de Kevin Peters schonns zanter Joren zu den Allerbeschten. Ma wat brauch een dofir? Bei der leschter Course vu der Saison ass de Chrëscht Beneké bis an d’Fuererlager luusse gaangen. Autocross ass Motorsport fir unzepaken. Matten dra stiechen och ee puer Lëtzebuerger. 1996 gouf de Jeannot Peters Europameeschter. Dës Saison huet dat och säi Bouf gepackt.

Kevin Peters, Europameeschter am Buggy 1600: No zéng Joer an 3 Mol Zweeten hunn ech mäin Zil endlech erreecht. Ee super Gefill. Dat mat mengem ganzen Team ze erliewen, ass einfach sensationell.

An de kuerze Leef muss de Kevin Peters eleng eens ginn. Ma tëschent den eenzele Coursse si si eng agespillten Ekipp vu 4 Leit.

Kevin Peters: De Gilles mécht de ganze Weekend den normalen Entretien. Bei méi eppes Grousses paken ech mat un an dann ass et och ganz egal, wann d’Kombi dreckeg gëtt.

D’Stëmmung ass net nëmmen am Team, ma och am ganze Fuererlager familiär. Et hëlleft ee sech ënnerteneen. Fir déi zéng Courssen uechter Europa affert de Gilles Bücher da gären de gréissten Deel vu sengem Congé.

Gilles Bücher, fiert déi interregional Meeschterschaft: Mir sinn um Autocross bescht Kolleege ginn. Ech si mat gaangen, fir ze léieren an ze hëllefen. De Kevin huet einfach een Talent dofir an et dëst Joer endlech gepackt.

Am Wanter hu si hire Buggy selwer opgebaut. Ronn 280 Päerd a 595 Kilo. Méi staark awer och méi schwéier wéi d’Konkurrenz. Op der rutscheger Streck vu Mollerussa ass dat kee Virdeel. Ma de Kevin Peters kämpft sech als Drëtten an d’Finall. Och well den anere Lëtzebuerger Kenny Reding a sengem 3. Qualifikatiounslaf ee klengen Accident hat. Dat ass awer séier gefléckt.

Allen dräi Lëtzebuerger hunn et beim leschten EM-Laf zu Mollerussa an d’Finall gepackt. De Pit Venanzi gëtt 8. bei de Junioren. De Kevin Peters wëll eng sechste Kéier dës Saison gewannen, ma huet mam sécheren Titel keen Drock. A vun der véierter Startplaz hofft de Kenny Reding op d’Top 5. Ganz bausse kënnt de Kevin Peters net gutt fort an déi zwee Lëtzebuerger fueren niewenteneen duerch déi éischte Kéier. Duerno fält hien op eng 8. Plaz zeréck. De Kenny Reding ass no der éischter Ronn dogéint Zweeten. A kritt ee Platten. Schlecht fir déi zwou Lénkskéieren, ma hie packt awer eng gutt véierte Plaz.

Back to Top
CIM LOGO