
Wéi McLaren um Freidegowend matdeelt, huet hire Pilot Daniel Ricciardo sech effektiv mat Covid19 infizéiert. Hien ass de Moment, wéi de ganzen F1-Zirkus am Bahrain, fir déi offiziell Tester. Den Australier huet schonn déi zwee éischt Testdeeg verpasst, well „hien sech net gutt gefillt huet“. Um Freideg huet sech de Verdacht op eng Corona-Infektioun bestätegt. Säin Teamkolleeg Lando Norris kënnt esou an de Genoss vun dräi kompletten Testdeeg. Normalerweis wiessele sech bei dësen Tester béid Piloten an engem Auto of.
McLaren ass awer optimistesch, dass den Daniel Riccardo fir de Grousse Präis vum Bahrain, nächste Weekend op der selwechter Plaz, erëm fit ass. Hie géif sech schonn erëm besser fillen, an och d’Isolatiounsvirschrëften am Bahrain géifen e Start beim Saisonoptakt am Prinzip zouloossen.