Den 23 Joer ale Pilot vu BWT Lechner Racing ass 2018 als 7. am Generalklassement säi beschte Resultat erausgefuer. Lescht Saison war et eng 9. Plaz. An dat obwuel de Lëtzebuerger 2 Coursse gewanne konnt. 2020 leeft et awer däitlech besser. No der Corona-Paus huet de Sportzaldot zu Spielberg an zu Budapest gewonnen an huet am General als Leader mat 70 schonn 22 Punkten Avance op den Ayhancan Güven. 5 Coursse bleiwen nach ze fueren an an zwou Woche geet et zu Silverstone weider.
Den Dylan Pereira wëll de Porsche Supercup onbedéngt gewannen, fir sou den nächste Schrëtt a senger Karriär ze maachen. Eigentlech huet de Member vum COSL-Elittekader ëmmer vun der DTM gedreemt, mä déi däitsch Tourewon-Meeschterschaft huet an de leschte Jore u Prestige verluer. Den Dylan Pereira wëll an deenen nächste Joren als Wierkspilot d‘24 Stonne vu Le Mans, Spa an um Nürburgring fueren an esou och endlech vu sengem Sport liewe kënnen. Den éischte Schrëtt dohinner bleift awer de Porsche Supercup.