
Vill Punkten hunn dem Lëtzebuerger net gefeelt, ma den Dylan Pereria a seng Ekipp “Team Shanghai Yonda BWT” hu bis déi leschte Course um Sonndeg misse waarden, fir kënnen ze feieren.
Bei 30 Grad zu Mandalika op der indoneesescher Insel Lombok a bis zu 60 Grad am Auto huet de fréiere Supercup Champion seng Konkurrenz deklasséiert a gewisen, och wann de Weekend net ganz optimal verlaf ass, dass hie sech den Titel vum Porsche-Carrera-Cup-Asia-Champion méi wéi verdéngt huet. Den Dylan Pereira ass direkt nom Start vun der drëtter bis op déi éischte Plaz no vir gefuer, fir um Enn mat 22 Sekonnen Avance ob deen zweeten Oscar Targett aus Australien iwwert de wäisse Stréch ze fueren. Drëtte gouf den Hugo Ellis aus Groussbritannien. Den Zweetplacéierten am General, den Italieener Enzo Trulli, ass net ukomm.
Den Dylan Pereira war no sengem Championstitel a senger 9. Victoire zefridden: „Ech sinn natierlech ganz frou, dass et dann um Enn esou gutt geklappt huet. E Samschdeg am Qualifying an an der éischter Course hate mir nach e puer Problemer mam Set-up, dofir ware mir net ganz vir dobäi an hu misse mat der drëtter Plaz virleefeg zefridde sinn. Awer an der Nuecht hunn ech zesumme mat mengem Team nach eng Extra-Schicht ageluecht. Géint 23 Auer hu mäin Ingenieur an ech dann erausfonnt, wat mir ännere missten – an esou konnt ech dann um Sonndeg nees ganz vir matfueren.“
Vill Zäit fir ze feiere bleift dem Dylan Pereira net. Direkt nom Retour an Europa geet et weider op Zolder an der Belsch, wou dëse Weekend eng weider 24-Stonne-Course um Programm steet. Eng Woch drop klëmmt de Lëtzebuerger beim Michelin 992 Endurance Cup zu Spa-Francorchamps, engem spezielle Porsche-Event iwwer 12 Stonnen, déi de 6. September gefuer gëtt, nees an den Auto.
Déi lescht Manche vum Porsche Carrera Cup Asia gëtt vum 3. bis 5. Oktober um Marina Bay Street Circuit zu Singapur gefuer.