D’Zil fir den Dylan Pereira, Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer, ass et besser ofzeschneide wéi läscht Saison, wou hien op déi 7. Plaz koum. Um Freideg ass zu Spa eng vun deene leschten Testséancë gefuer ginn.
De Porsche Supercup an de Carrera Cup si jo déi zwou Serien, op déi den Dylan Pereira sech konzentréiert. Den Auto, de Porsche 911 GT Cup, bléift an deenen zwou Kompetitiounen onverännert. Déi aktuell Form déi passt beim Lëtzebuerger, deen an dësem Auto méi teste konnt, wéi nach déi leschte Saison.
“Mir si ganz vill gefuer. An enger Woch bal 400 Tier, dat sinn der schonn e puer, ech spieren déi och. Ech kucken, dass ech elo nach e puer Deeg virun der éischter Course raschten, dass ech mat voller Energie an déi éischte Course ka goen.”
Am Porsche Supercup ass Konkurrenz extrem grouss. Nieft dem dräifachen Champion Michael Ammermüller ass och nees de Larry Ten Voorde mat um Depart, deen dës Serie zwee mol hannerenee gewanne konnt a sécherlech nees ee vun deenen Haaptkonkurrente vum Pereira wäert sinn.
“Den Dylan ass ee vun de grousse Konkurrenten. Dat wär déi läscht Joren net anescht. Et ass gutt, dass hien nees dobäi ass. Mir pushen eis ëmmer géigesäiteg, fir alles aus eisen Autoen erauszehuelen an dat ass flott.”
D’läscht Saison, wou den Dylan Pereria op dräi Hochzäite gedanzt huet, konnt hien am ganze véier Testdeeg absolvéieren. Dëst Joer goufen et där e puer méi. Am Kader vum Porsche Supercup ass hie bei den Testdeeg zu Imola, wéi gesot, d’Beschtzäit gefuer. Allerdéngs sinn déi Resultater fir déi éischte Coursë mat Virsiicht ze genéissen.
Den Dylan Pereira: “Bedéngunge wäerten anescht sinn, et wäert Formel 1 Gummi um Circuit léien, et ass einfach alles anescht. Et ka sinn, dass du haut séier bass a muer bass de nees lues well däi Setup net passt. Dofir muss een oppassen a sech ëmmer esou séier wéi méiglech adaptéieren.”
Den nächste Weekend zu Imola geet et also eescht fir den Dylan Pereira. bei eis op RTL verpasst dir vun der Qualifikatioun an der Course keng Sekonn.
De Porsche Supercup gëtt am Kader vun der Formel 1 gefuer wou den Dylan Pereira mat der Ecurie “Lechner Racing” un den Depart wäert goen. Am Carrera Cup fiert hien Ufank Mee déi éischte Course fir “Phoenix Racing”.