Formel 1: GP vu São PauloDen Oscar Piastri geet vu Startplaz 1 an de Sprint

RTL Lëtzebuerg
De Weekend mécht d'Formel 1 zu Interlagos a Brasilien Statioun. Et ass e Sprint-Weekend.
© RTL

Nom 1. Fräien Training e Freidegnomëtteg ass dofir schonn e Freidegowend de Sprint Qualifying gefuer ginn.

Déi séierste Ronn ass dem Oscar Piastri gegléckt. Hie geet domadder e Samschdeg um 15 Auer vu Startplaz 1 an de Sprint. Nieft him steet de Lando Norris.

Aus der zweeter Rei fuere fort de Charles Leclerc an de Max Verstappen.

Am SQ1 goufen d’Piloten Alonso, Ocon, Tsunoda, Stroll an Zhou eliminéiert

Am SQ2 war Feierowend fir Hamilton, Hülkenberg, Perez, Colapinto a Bottas.

Hei geet et bei de Replay vun der QualiE Samschdeg kënnt Dir de Sprint an de Qualifying live op RTL suivéieren. E Sonndeg ass dann d’Haaptcourse mam Grousse Präis vu São Paulo. Um 18 Auer ass den Depart. Vu 17.15 Auer sinn d’Kolleege vun der Tëlee live fir Iech mat dobäi.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2024

D’WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

© RTL

Back to Top
CIM LOGO