An direkt e puer Hale koumen d’Frënn vu staarke Motoen op hir Käschten. Fir vill Animatioun war och bausse ronderëm d’Hale gesuergt.
De ganze Weekend ass zum Beispill den Dylan Pereira bei der International Motorshow present gewiescht. Mam Lëtzebuerger Sportler konnt ee sech ënnerhalen, Fotoe maachen an eng Autogrammkaart froen.
Um éischten Dag war och den Thierry Neuville am Asaz. De belsche Rallye-Weltmeeschter vun 2024 huet de Spectateuren eng flott Show gebueden.
Zanter iwwer 20 Joer gëtt all zwee Joer dëst Evenement um Kierchbierg an den Ausstellungshalen organiséiert. 200 Aussteller waren dëst Joer dobäi.