Mädreschercross zu RammerechD'Landwirtschaftsmaschinn gëtt zur Rennmaschinn

Diana Hoffmann
Zu Rammerech war e Sonndeg de 16. internationale Mädreschercross. Zanter Ufank den 90er Jore gëtt dëse vun der Landjugend Zenter organiséiert.

Um Virmëtteg war nach vill Niwwel an et huet liicht gereent. Vun der flotter Vue, déi ee vum Feld aus sollt hunn, op deem de Mädreschercross zu Rammerech war, war näischt ze gesinn.

D’Mädrescher vu sämtleche Kategorien hu mussen duerch d’technesch Kontroll. Bremsen, Luuchten a Noutstopp vum Moto goufe getest. “Dono kënne se en Tour iwwert d’Pist fueren a se kenneléieren”, huet de Christian Zimmer, President vun der Landjugend “Zenter” betount, déi de Mädreschercross all zwee Joer organiséiert.

De Mädreschercross zu Rammerech
Mat maximal 100 Kilometer an der Stonn sinn d’Gefierer iwwert de knapp 400 Meter laange Circuit gedüüst.

Eng 60 Pilote ware bei der 16. Editioun mat um Start. Dës kommen aus Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, der Belsch an Holland. Verschiddener haten en Trajet vu 7 Stonnen hannert sech, fir mat dobäi ze sinn. D’Passioun kruten der vill vun hinne schonn als Kand mat op de Wee. “Eise Papp war scho bei den éischten Editioune mat dobäi an den 90er Joren”, huet den Hugo Peltre erzielt, dee mat sengem Brudder aus der Géigend vum Elsass ugereest war.

De Michael Simon aus Däitschland ass dann och als klenge Bouf mat sengem Papp Mädreschercross kucke gaangen. “Iergendwann hunn ech zu mengem Papp gesot, mir mussen e Méidrescher ëmbauen. Lo hu mer en neie kritt, an du war d’Saach geritzt”, huet de Mädrescher-Pilot erzielt.

De Jules Kohl aus Lëtzebuerg ass dann dëst Joer déi éischt Kéier mat dobäi an huet beschriwwen, wéi hie mat engem Grupp vu 6 Kolleegen nuechtelaang geschafft huet, fir d’Maschinn startkloer ze kréien.

Um 13 Auer war de Startschoss vun der Course, ugefaange mat der Standard-Kategorie. D’Sonn ass erauskomm. Antëscht waren och vill Spectateuren do, déi sech et op den Unhänger vun den Traktere bequeem gemaach haten, fir eng gutt Siicht ze hunn. Hinne gouf esou munches gebueden. Et war Kaméidi, an et huet gutt gestëbst. Ëmmer nees huet d’Pist musse genätzt ginn, wat awer just bedéngt gehollef huet.

Mat Vitesse vu bis zu 100 Stonnekilometer sinn d’Gefierer vun de méi séiere Kategorien iwwert d’Pist gebriedert. Ëmmer nees si Maschinne leie bliwwen an hu mussen ofgeschleeft ginn. Et ass op der Pist geraibert a gedréckt ginn. Iwwert d’Jore géing de Spectateuren ëmmer méi gebuede ginn. “D’Maschinne si méi performant ginn. Fréier si bal just Standardklasse matgefuer. Well et där déi Zäit einfach vill gi sinn. Haut huet dat Ganzt sech awer scho méi a Richtung Motorsport entwéckelt”, huet de Christian Zimmer erkläert.

Back to Top
CIM LOGO