
Videoe weisen, wéi den Donald Trump mat der Air Force One iwwer d’Rennstreck flitt, dat viru sengem Optrëtt um Daytona International Speedway. Dono war eng kleng Parad, wou d’Limousine mam amerikanesche President e puer Ronnen um Circuit gedréint huet.
De President Trump huet dann och de Startschoss fir d’Course ginn.
Säin Optrëtt huet an de soziale Medien nawell fir vill Diskussioune gesuergt.