AutomobilsportDoud vum Christian Debias mat 74 Joer

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vu 74 Joer ass dëse Weekend de Fransous Christian Debias an Tunesien un de Folge vun engem Hiereschlag gestuerwen.
Archivfoto Eschduerf
Archivfoto Eschduerf
© Henri Schwirtz

Den Debias war 1998 Lëtzebuerger Automobil-Biergmeeschter an huet tëscht 1979 an 2001 ronn 60 Lëtzebuerger Biergcourssen gewonnen, ënner anerem eleng 11 Mol zu Luerenzweiler a véier Mol zu Eschduerf, mee och Courssen wéi Diddeleng, Rëmerschen, Heeschdref, Zëtteg, Wolz oder Noumer stinn a sengem Palmarès.

Domat ass hien deen Pilot mat bei wäitem deene meeschten Victoirë bei Biergcourssen hei zu Lëtzebuerg.

Den Debias war 1975 franséischen Formel Renault-Champion, ee Joer nom Didier Pironi an ee Joer virum spéideren Formel 1-Weltmeeschter Alain Prost. Hien war 3 mol franséische Biergchampion, hat 1978 ee ganz schwéieren Accident bei den 24 Stonne vu Le Mans, no deem hien Deeg laang am Koma louch, hien ass awer och 3 Mol bei der Rallye Paris-Dakar un den Depart gaang an huet 1991 d’24 Stonnen Äis-Kurs vu Chamonix gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO