
Mat um Depart ass och de Vizechampion an dëser Kategorie vun der leschter Saison, den Dylan Pereira. De 24 Joer ale Lëtzebuerger Pilot gouf zejoert an Éisträich am Kader vum Porsche Supercup eng Kéier den Éischten an eng Kéier den Zweeten.
“Meng 1. Podiumsplaz am PSC war schonn um Red Bull Ring, dofir läit de Circuit mir schonn. Mol kucken, mir hunn en neien Auto. Mir waren testen, mir ware schnell. De Güven huet an Däitschland 2 Mol d’Pole geholl. Et kann awer séier goen, dat hu mer zu Monaco gesinn. Ech hoffen awer, op de Podium ze fueren, firwat net, och ze gewannen.”
Den Dylan Pereira stoung zu Spielberg scho 4 Mol ganz uewen um Podium, eemol wéi gesot beim Porsche Supercup an 3 Mol am Kader vum Carrera Cup Däitschland.
D’Course vum Porsche Supercup gëtt e Sonndeg och vun 12.25 Auer u live op RTL Télé Lëtzebuerg um RTL Zwee an am Stream op RTL.lu iwwerdroen.