Bei der 24-Stonne-Course zu Zolder gouf et allerdéngs kee gléckleche Verlaf. D'Ekipp vum Lëtzebuerger huet wéinst technesche Probleemer um Porsche 992 GT3 Cup nämlech fréizäiteg missen opginn.
Fir den Dylan Pereira huet dat op d'mannst geheescht, datt hie mat Zäite Richtung Nürburgring fir d'GT World Challenge Endurance fuere konnt, wou hien dann och méi ausgerascht wéi erwaart ugetrueden ass. Zesumme mat dem Italieener Andrea Frassineti an dem Däitschen Alex Aka konnt den Dylan Pereira um Audi R8 LMS GT3 EVO II mat der Startnummer #99 vun Tresor Attempto Racing de Gold Cup an der 3-Stonne-Course um Sonndeg gewannen. Gefuer gouf vu 15 bis 18 Auer. Am Generalklassement koume si op déi exzellent 7. Plaz.
No der Course war den Dylan Pereira méi wéi zefridden, nodeems hie sech an der leschter Stonn vun der Course an engem spannenden Duell mam Gilles Magnus op Porsche 911 GT3 R EVO am Gold Cup duerchsetze konnt a Plaz 1 an der Klass net méi ofginn huet. Et ass dës Saison déi éischt Victoire am Gold-Cup fir den Equipage um Audi R8, deementspriechend grouss war d'Freed no der Arrivée.
D'Course gouf gewonne vun Thiim, Soerensen Drudi op Aston Martin mat der Startnummer 007.