
De Pereira war vun der 4. Plaz an d’Course gaangen, konnt sech awer direkt an der 1. Ronn op déi 2. Plaz no vir kämpfen. Déi Plaz huet hien och bis zum Schluss verdeedegt.
Gewonne gouf d’Course vum Neiséilänner Jaxon Evans mat 0,7 Sekonne Virsprong op den Dylan Pereira. Plaz 3 geet un de Leon Köhler.