Porsche SupercupDylan Pereira dominéiert Konkurrenz zu Spa

Franky Hippert
Den Dylan Pereira mécht den Ament am Automobilsport op héchstem Niveau op sech opmierksam. Zu Spa huet den Dylan Pereira senge Géigner keng Chance gelooss.
© Anthony Stanley / ATP

Dylan Pereira dominéiert seng Konkurrenz zu Spa

Dat nennt een de perfekte Weekend. Vun der éischter Sekonn un huet alles richteg gutt beim Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer geklappt. E Samschdeg Pole Position an e Sonndeg an der Course och vum Start u bis bei de Schwaarz-Wäiss karéierte Fändel vir un der Spëtzt. Den Dylan Pereira iwwert seng Course:

“Jo et war wierklech gutt. De Set-Up war och richteg gutt. D’Wiederkonditiounen hunn eis och entgéint gespillt.”

De 25 Joer ale Pilot aus der Elite-Sportsektioun vun der Arméi ass net fir näischt am Moment no sechs vun aacht Coursse Leader am Generalklassement vum Porsche Supercup. Och wann den Dylan Pereira zu Spa seng drëtte Victoire vun der Saison an dëser Kategorie gefeiert huet, esou gouf awer och direkt no der Arrivée mat der Detailanalys ugefaangen, fir sech nach weider ze verbesseren:

“De Start war leider net esou optimal. Et huet awer e bësse gehollef, datt ech hannen e bësse Chaos ausgeléist hunn.”

D’Konkurrente vum Dylan Pereira hu misse vun hannen nokucken, wéi de Lëtzebuerger gelleg dovu geflunn ass a pro Ronn sechs Zéngtel méi séier war, wéi seng Haaptgéigner:

“Definitiv ware mir am Qualifying och esou séier véier Zéngtel an dobäi hat ech nach e Feeler gemaach, dofir wosst ech sechs Zéngtel si méiglech. Fënnef bis sechs Zéngtel ass wierklech ganz ganz vill am Porsche Supercup, wann ee bedenkt, datt et heiansdo just eng Sekonn op P21 ass.”

Am Generalklassement vum Porsche Supercup huet den Dylan Pereira als Leader eng Avance vun 12 Punkten op den Däitsche Laurin Heinrich an eng vu 15 op den Hollänner Larry ten Voorde. De Weekend geet et scho weider mat der zweetleschter Manche vum Championnat zu Zandvoort an Holland, eng Streck, déi dem Lëtzebuerger net grad esou läit wéi Spa.

Et bleift deemno spannend am Porsche Supercup. Nieft Zandvoort ass et an zwou Woche jo dann och nach d’Finall vun der Saison mat der Course zu Monza an Italien. An dat Ganzt kënnt Dir natierlech nees op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE suivéieren.

Vill Lëtzebuerger zu Spa / Reportage Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO