Michelin 992 Endurance CupDylan Pereira fiert Beschtzäit am Qualifying zu Spa

Andy Brücker
E Samschdeg ass de Lëtzebuerger bei der 12h-Course am Asaz.
Mat dësem grénge Porsche 992.1 GT3 Cup probéiert den Dylan Pereira seng Victoire vun 2025 ze widderhuelen.
© AF Motorsport

Dëse Weekend gëtt zu Spa d'12-Stonne-Course vum Michelin 992 Endurance Cup gefuer, dat, wéi den Numm et scho seet, op Porsche 911 GT3 Cup-Autoen vun der 992-Generatioun.
Déi lescht zwee Joer huet all Kéiers den Equipage vum Team 48 Losch Motorsport gewonnen. Dëst Joer si si net um Depart, well si jo mëttlerweil e Porsche 911 GT3 R asetzen, dee bei dëser Course net zougelooss ass.

Den Dylan Pereira war ee vun de Piloten, deen zejoert bei der Victoire mat am Asaz war, an dëst Joer probéiert hien nees ganz uewen um Podium ze stoen. Hien ass engagéiert am Team AF Motorsport an deelt sech de Cockpit mat dem Andre Fernandes, dem Angelo Fontana an dem Christian Potolicchio.

Dylan Pereira fiert däitlech op Pole Position

Den Optakt an de Weekend ass op alle Fall scho mol optimal verlaf, well si hunn et mam Porsche mat der Startnummer #17 an den Top5-Qualifying gepackt. Hei ass dunn den Dylan Pereira an den Auto geklommen an hien ass déi séierst Zäit gefuer, wouduerch si dann e Samschdeg vun der Pole Position an d'12-Stonne-Course starten. De Lëtzebuerger huet 2:19,870 fir den Tour zu Spa gebraucht a war net manner wéi 1,757 Sekonne méi séier wéi Plaz 2. Déi geet u Mühlner Motorsport mat Joshua Bednarski, Conrad Tox Leveau a Rolando Saca.

D'Freed iwwert d'Beschtzäit am Qualifying war natierlech grouss.
© AF Motorsport

Um Freideg den Owend ass vun 20:50 Auer bis 21:50 Auer nach en Nuetstraining, fir dass d'Pilote sech doru winne kennen, well d'Course e Samschdeg geet och bis an d'Däischtert.

De Start vun der Course ass Samschdeg de Moien um 9:45 Auer, deementspriechend ass um 21:45 Auer d'Arrivée. Den Organisateur mellt, dass de Sonnenënnergang um 20:15 Auer wäert sinn, deemno sinn dann nach 1,5 Stonnen ze fueren, wou een Tour fir Tour manner wäert gesinn.

Et däerf ee gespaant sinn, ob den Dylan Pereira seng Victoire vun zejoert widderhuele kann, da wéi gesot mat AF Motorsport.

Mat där grénger Faarf dierft den Auto, mat deem den Dylan Pereira fiert, gutt erëmzefanne sinn op der Streck.
© AF Motorsport

Back to Top
CIM LOGO