GT World Challenge EuropeDylan Pereira fiert Gold-Cup-Beschtzäit am Qualifying zu Barcelona

Andy Brücker
De Lëtzebuerger fiert am Audi R8 LMS GT3 EVO II vun Tresor Attempto Racing.
© Gruppe C Photography

Dëse Weekend gëtt zu Barcelona d'Final vun GT World Challenge Europe Sprint gefuer. Um Samschdeg de Moie war de Qualfiying fir déi éischt vun den zwou Coursse vum Weekend gefuer ginn.

Den Dylan Pereira deelt sech den Audi R8 LMS GT3 EVO II jo mam däitsche Pilot Alex Aka. Fir d'Course um Samschdeg ass de Lëtzebuerger de Qualifying gefuer. Hei konnt den Dylan Pereira dann och d'Beschtzäit am Gold-Cup fueren. Seng Zäit ass duergaangen, fir Plaz 14 am Generalklassement (+0.824). Tëschenzäitlech war et souguer Plaz 5, ma duerno sinn nach d'Piloten aus dem Silver- an dem Bronze-Cup gefuer, an d'Streck ass ëmmer méi séier ginn.

De Qualifying gewonnen huet de Bastian Buus op Porsche 911 GT3 R (992) EVO, dat an enger Zäit vun 1:39,542min.

D'Course um Samschdeg gëtt um 13:30 Auer gefuer.

Back to Top
CIM LOGO