
Mat enger weiderer staarker Performance kënnt den Dylan Pereira an der 1. Course zu Zandvoort an Holland op déi staark 3. Plaz an dat mat engem Retard vu ronn 6 Sekonnen hannert dem däitschen Michael Ammermüller an dem Fransous Julian Andlauer.
An och um Sonndeg bei der 2. Manche gëtt den Dylan Pereira eng weider kéier de staarken 3. hannert dem Michael Ammermüller deen op e Neits triumphéiere konnt.
Am General läit de Lëtzebuerger op der 4. Plaz.