Porsche Carrera Cup DäitschlandDylan Pereira gëtt 3., Carlos Rivas wënnt Titel an der Pro-AM

RTL Lëtzebuerg
De Pereira gëtt 3. an der leschter Course an am General. An der Pro-AM-Klass huet de Rivas sech am General knapp virum Jan-Erik Slooten duerchgesat.
De Carlos Rivas huet sech an der Pro-AM-Klass den Titel geséchert.
De Carlos Rivas huet sech an der Pro-AM-Klass den Titel geséchert.
© Jeannot Boesen

Um Sonndeg gouf déi lescht Course vun der Saison um Hockenheimring gefuer. Um Enn huet sech de Larry ten Voorde souverän virum Bastian Buus an dem Dylan Pereira duerchgesat.

Den Dylan Pereira war vun der 6. Plaz gestart. Schonn nom Start hat hien eng Plaz gutt gemaach an huet sech lues a lues op déi 3. Plaz no vir geschafft. De Larry ten Voorde huet sech vun Ufank u vir ofgesat an huet eng Start-Zil-Victoire gefeiert. Nodeems sech de Bastian Buus an de Laurin Heinrich sech bei der Lutte ëm déi 2. Plaz touchéiert hunn, ass de Buus trotzdeem op der 2. Plaz bliwwen.

Den Heinrich, deen sech bei der zweetleschter Course um Sachsenring schonn den Titel geséchert hat, ass um Enn de 4. ginn. De Larry ten Voorde huet sech als 2. an de Pereira als 3. am General klasséiert.

An der Amateur-Klass Pro-M louch den 2. Lëtzebuerger Carlos Rivas virun der Course op der zweeter Plaz mat just 6 Punkte Retard op de Leader Jan-Erik Slooten. An der Course gouf de Rivas den 18. an de Slooten ass an der leschter Ronn duerch en Accident ausgefall. De Rivas konnt sech domadder an der leschter Course nach den Titel sécheren. Fir de Rivas war et de 4. Titel an där Amateur-Klass.

Nieft Porsche Carrera Cup nach e sëllegen aner Courssen um Weekend, mat Lëtzebuerger Bedeelegung

Vum 21. bis 23. Oktober war um 4,57 km laangen Hockenheimring de leschte Laf vun de GT Masters 2022. Genau ewéi dat lescht Joer, gouf de Meeschter an der leschter Course nominéiert. Déi zwou Manchë waren extrem spannend an um Enn gouf et e verdéngte Meeschter a Persoun vum Schwäizer Raffaele Marciello op Mercedes AMG GT3.

Hie gewënnt mat 191 Punkten virum Türk Ayhanacan Güven op Porsche GT3 mat 178 Punkten an dem Däitsche Christian Engelhart op Porsche GT3 och mat 178 Punkten. Et goufen awer och nach aner Course gefuer an do waren eng Partie Lëtzebuerger mat um Depart.

An der ADAC GT4 Trophy hat déi Lëtzebuerger Ekipp mam Christian Kosch an Tom Kieffer den Titel scho virun Hockenheim an der Täsch. Op hirem Porsche Cayman 718 GT4 RS (26) konnte si hire Meeschtertitel vun 2021 verdeedegen. An deenen zwou leschte Coursen um Hockenheim hu si näischt ubrenne gelooss an hunn zwee Mol gewonnen.

Am Prototype Cup Germany war d’Ekipp Racing Experience mam David Hauser a mam Sebastian von Gartzen op hirem Duqueine D08 (12) um Start. Bei der éischter Course ass direkt nom Start e Konkurrent dem Sebastian von Gartzen an den Auto gerannt a fir den Däitschen war no engem Tour scho Schluss. Di hënnescht Ophänkung an d’Steierung hu musse gewiesselt ginn. Fir d’Mechaniker stoung eng Nuetsschicht um Programm.

E Sonndeg dann an der zweeter Course hunn di zwee Pilote mächteg Gas ginn, loungen zäitweis esouguer un der Spëtzt, an um Enn war et eng drëtt Plaz um Podium.

PDF: Schreiwes vum Dylan Pereira

Back to Top
CIM LOGO