
Am Kader vun der Intercontinental GT Challenge ass den Dylan Pereira zum Ofschloss vun der Saison bei der 9-Stonne-Course zu Kyalami un den Depart gaangen.
D’Victoire konnt sech no engem fréizäitegen Enn wéinst dem ville Reen d’Ekipp vu Walkenhorst Motorsport BMW mam Augusto Farfus, Nick Catsburg a Sheldon van der Linde sécheren. Op déi zweet Plaz ass d’Ekipp vum Audi Sport Team WRT komm, virun der Ekipp vu GPX Racing.
Den Dylan Pereira, dee mat de Südafrikaner Saul Hack an Andre Bezuidenhout als eenzeg Ekipp aus der ProAM-Wäertung un den Depart gaangen ass, stoung mat Lechner Racing um Enn op der 10. Plaz am Klassement.