Porsche Supercup zu SpaDylan Pereira iwwerhëlt mat 2. Plaz nees d'Féierung am General

RTL Lëtzebuerg
Dem Lëtzebuerger säi grousse Konkurrent Larry Ten Voorde ass net iwwert déi 5. Plaz erauskomm an domadder huet hien d'Féierung verluer.

E Sonndeg gouf am Porsche Supercup déi 7. Manche an zweetlescht Course vun der Saison gefuer. Hannert dem Ayhancan Cüven an dem Jaxon Evans ass den Dylan Pereira zu Spa vun der drëtter Plaz an d’Course gaangen. Un der Spëtzt huet sech nom Depart näischt verännert.

De Lëtzebuerger Sportzaldot houng relativ laang hannert sengem Teamkolleeg Jaxon Evans fest. An der Hallschent vun der Course huet hien offensiv gewisen, dass hie gäre laanscht wéilt kommen, mä eng Attack viru „Les Combes“ konnt den Evans paréieren. Am Porsche Supercup gëtt et keng Stallregie, an awer hätt den Dylan Pereira sech an där Situatioun eng besser Teamaarbecht gewënscht, wéi hien no der Course erkläert: „Mir haten ofgemaach, dass deen, deen nom Start vir läit, och vir bleift, an dass mir dann zesummen no vir fueren. Ech hunn dat fir mäin Deel och gemaach. Mä ech hunn du gemierkt, dass ech méi séier fuere kéint, dass mir de Kontakt no vir verléieren, an dass de Latorre oder de Larry ëmmer méi no koumen. Ech ka verstoen, dass den Evans mech eemol oder zweemol blockt. Wou hie mech awer véier oder fënnefmol geblockt huet, do sinn ech rose ginn an hunn him dunn och geblénkt.“

Eng Sortie op der Kemmel-Ligne-Droite sollt dem Dylan dunn indirekt hëllefen. Bei där Sortie ass Killwaasser op de Circuit gelaf, den Jaxon Evans huet sech op där Plaz du massiv verbremst. Den Dylan Pereira huet sech net laang fléiwe gelooss, an huet säin Teamkolleeg iwwerholl. „Duerno konnt ech déi 2 Sekonnen op de Güven direkt zoufueren, leider war et awer ze spéit, fir hien nach richteg z’attackéieren“, esou den Dylan no der Arrivée.

Um Enn huet sech den Ayhancan Güven deemno d’Victoire zu Spa geséchert. Den Dylan Pereira ass mat engem Retard vu 6 Zéngtel op déi zweete Plaz gefuer an déi drëtte Plaz war fir de Florian Latorre, deen den Evans no engem weidere Feeler nach an der leschter Ronn iwwerholl huet.

Huet den Dylan Pereira elo eng Victoire verpasst, oder eng zweete Plaz gewonnen? „Zu Spa wëllt een ëmmer gewannen, et ass meng Heemstreck, mä méi wéi eng zweete Plaz war haut net dran. Et muss een och un d’Championnat denken a mäi gréisste Konkurrent Larry Ten Voorde ass nëmme 5. ginn, ech hunn elo 4 Punkten Avance an der Tabell, dat freet mech natierlech och.“

Um Highspeed-Circuit vu Monza fält den nächste Sonndeg d’Decisioun. 4 Punkte si keng confortabel Avance, dat weess och den Dylan Pereira: „Et huet een zu Spa gesinn, wéi séier sech esou eng Situatioun dréine kann. E puer Zéngtel Retard an der Qualifikatioun, an et gesäit alles ganz aneschters aus. Mä vläicht kënne mir zu Monza als Lechner-Team zesumme schaffen. Et wär zum Beispill gutt, wa mech meng Teamkolleegen an der Quali no vir zéie kéinten, well néierens ass Wandschied esou wichteg wéi zu Monza.“

Back to Top
CIM LOGO