
De Porsche Supercup geet a seng lescht Courssen eran. Zwou bleiwen der nach: dëse Weekend Zandvoort an enger Woch dann zu Monza an Italien. Den Dylan Pereira huet als éischten am Generalklassement no sechs Manchen 12 Punkten Avance op den Däitsche Laurin Heinrich a 15 Punkten op den Titelverdeedeger Larry Ten Voorde aus Holland. Et kéint dëse Weekend schonn eng Premiere fir de Lëtzebuerger Automobilsport ginn, seet dozou den RTL Porsche Supercup Commentateur Serge Pauly.
Bei all Course ginn am Porsche Super Cup 25 Punkte verdeelt. Wann den Dylan Pereira also zu Zandvoort 13 Punkte méi kritt wéi de Laurin Heinrich, an 10 Punkten méi wéi de Larry Ten Voorde, da wär hie schonn eng Course viru Schluss Champion. Dat ass net ausgeschloss, mä esou enk, wéi et am Porsche Supercup ass, dann awer relativ onwarscheinlech, mä hien ass den Eenzegen, deen dëse Weekend alles kloer maache kann.
De 25 Joer ale Pilot aus der Elite-Sportsektioun vun der Arméi huet nach eng Rechnung mam Circuit zu Zandvoort op.
Dylan Pereira:Zandvoort war elo ni esou optimal. Mä Spa ware mer elo an den Tester ni esou staark, mä mir hunn awer bewisen, datt dat geet, vun dohier sinn ech zouversiichtlech, datt mer déi Pace zu Zandvoort wäerten hunn, a Monza ware mer an den Tester scho staark.
Mat der ganzer Max-Mania duerch den Hollänner a Formel-1-Weltmeeschter Max Verstappen brauch een net ze froen, wéi d’Ambiance um Circuit vun Zandvoort ronn 35 km vun Amsterdam ewech wäert sinn.
Dylan Pereira:D’lescht Joer war schonn enorm, wéi vill Leit do waren. Wann s de an der Boxegaass bass, fir erauszefueren, mengs de du wäers grad an der Disko, jiddereen am Gaange Party ze maachen, jiddereen ass am Gaangen ze sprangen. Du géifs op den Tribüne wuel matsprangen, och wann s de guer net wéilts matsprangen.
D’Qualifikatioun vum Porsche Supercup ass e Samschdeg de Mëtteg um 13.30 Auer, an d’Course ass dann e Sonndeg um 12.05 Auer.
D’Qualifikatioun kënnt dir op RTL.lu an op RTL Play suivéieren. D’Coursse ass dann och bei de Kolleege vun der Tëlee ze gesinn.