
Um Red Bull Ring an Éisträich huet de Lëtzebuerger beim Porsche Carrera Cup Däitschland e Samschdeg e gudden Dag erwëscht an et virum Luca Rettenbacher aus Éisträich op déi 2. Plaz gepackt. Just den ten Voorde war alt nees méi séier, deen an der aktueller Saison scho 4 vu 5 Coursse gewanne konnt.