E Sonndeg ass zu Imola an Italien déi éischt Course vun der Saison am Porsche Supercup gefuer ginn. De Lëtzebuerger Dylan Pereira (BWT Lechner Racing) ass no der séierster Ronn an der Qualifikatioun vun der Pole Position an d’Course gaangen. Bei schwierege Wiederkonditiounen ass de Lëtzebuerger um Enn eng souverän Victoire erausgefuer. De Pereira louch vum Start bis an d’Zil ëmmer un der éischter Positioun. D’Plazen 2 an 3 ware fir de Larry Ten Voorde (Team GP Elite) an den Harry King (BWT Lechner Racing).
Wéinst Reen gouf d’Course hannert dem Safety-Car gestart. No 3 vun de 14 Ronne gouf d’Course du richteg lancéiert. Den Dylan Pereira konnt seng Plaz un der Spëtzt vum Feld verteidegen a sech eng kleng Avance op d’Konkurrenten erausfueren. An der 8 Ronn ass awer dunn nees alles beienee komm, well de Safety-Car wéinst engem Accident vum Leonardo Caglioni huet missen erauskommen. An der 9 Ronn war d’Streck nees fräi an de Pereira konnt seng Spëtzepositioun op en Neits verdeedegen a sech eng kleng Avance erausfueren. Bis zum Schluss huet hien déi net méi hierginn an esou konnt hie sech iwwert d’Victoire an der éischter Course vun der Saison freeën. D’Lutte ëm déi weider Plazen um Podium war méi spannend an hei gouf et ëmmer nees Verännerungen. Um Enn huet sech de Larry Ten Voorde déi 2. Plaz geséchert an den Harry King ass Drëtte ginn.
Déi nächst Course am Porsche Supercup ass den 29. Mee zu Monte Carlo. Nom perfekte Start an d’Saison däerf ee gespaant sinn, ob den Dylan Pereira och hei nees ëm d’Victoire ka matfueren. D’Course kënnt Dir dann nees live op RTL suivéieren.