Den Dylan Pereira huet en optimale Start erwëscht a konnt sech direkt an der 1. Ronn e klenge Virsprong erausfueren, wärend op de Plazen hannendrun ëm d’Positioune gekämpft gouf, mat virop dem Laurin Heinrich an dem Larry ten Voorde.
12 Ronne stoungen um Programm, dat bei optimale Wiederbedingungen. No zwou Ronnen hat de Pereira schonn 3 Sekonne Virsprong op Plaz 2, no 5 Ronne waren et souguer scho 4,3 Sekonnen.
Den Ten Voorde huet quasi wärend der ganzer Course ëmmer nees probéiert den Heinrich nervös ze maachen, andeems e mat de Phare geblénkt huet. Ma deen huet sech net aus der Rou brénge gelooss... bis déi lescht Ronn. Well do huet den Ten Voorde sech konnten an der La Source laanscht bremsen an déi 2. Plaz erkämpfen.
No den 12 Ronnen konnt den Dylan Pereira seng 3. Victoire am Porsche Supercup dës Saison gewannen, an et war och seng 3. Victoire vu senger Karriär zu Spa-Francorchamps. Hien hat um Enn knapp 7 Sekonne Virsprong op de Larry ten Voorde. Op Plaz 3 de Laurin Heinrich.

Den Dylan Pereira hat dräi Coursse viru Schluss véier Punkten Avance op den Däitsche Laurin Heinrich an zéng Punkten op den Hollänner Larry ten Voorde. No Spa huet sech dorun e bëssen eppes geännert.
Leader am General ass den Dylan Pereira mat 117 Punkten. Op Plaz 2 de Laurin Heinrich mat 12 Punkte Réckstand an op Plaz 3 de Larry ten Voorde mat 15 Punkten.

Scho wärend der Course hat d’Renn-Direktioun wësse gedoen, dass no der Course nach emol verschidde Situatioune wäerte kontrolléiert ginn, sou z.B. ob d’Track-Limits respektéiert goufen. D’Resultat bleift deemno an enger éischter Phas provisoresch.
2. bis 4 September: Zandvoort
Circuit Zandvoort - Holland
9. bis 11 September: Monza
Autodromo Nazionale Monza - Italien