Bei der 2. Manche vum Weekend um Nürburgring konnt sech, grad esou wéi well e Samschdeg, de Julien Andlauer behaapten. Koum den Dylan Perreria mat senger Maschinn e Samschdeg nach op déi 2. Positioun, huet hie sech e Sonndeg mat enger zolitter Leeschtung den 3. Träpplek um Podium geséchert.
De General gëtt weiderhi vum Fransous Andlauer ugefouert. De Lëtzebuerger Sportszaldot ass an deem Ranking elo an den Top5 op Positioun 4.