Historesche Moment am Lëtzebuerger AutomobilsportDylan Pereira séchert sech de Championstitel am Porsche Supercup

RTL Lëtzebuerg
De 25 Joer ale Lëtzebuerger ass e Sonndeg zu Monza bei der leschter Course vun der Saison de Fënnefte ginn an huet domadder den Titel perfekt gemaach.

Dylan Pereira nom Exploit zréck zu Lëtzebuerg/Franky Hippert

Historeschen Dag fir de Lëtzebuerger Automobilsport. Den Dylan Pereira ass den neie Champion am Porsche Supercup. De Lëtzebuerger ass e Sonndeg zu Monza bei der leschter Course vun der Saison de Fënnefte ginn. De Pereira ass als Drëtten ukomm, ma hien huet an der leschter Ronn ofgekierzt, krut dofir eng Zäitstrof vun dräi Sekonnen an ass nach op d'5 zeréckgefall. Dat ass dem Pereira awer duergaangen, fir sech den Titel ze sécheren.

De Gewënner vun zejoert Larry ten Voorde huet de Pereira wärend der Course zolidd ënner Drock gesat. Opgrond vun der Zäitstrof ass den Hollänner um Enn hannert dem Bastian Buus an dem Harry King nach op déi drëtte Plaz no vir geréckelt. Den Heinrich war direkt beim Start wäit zeréckgefall an hat seng Chancen op den Titel verginn. Hien ass just den 10. ginn. Domadder konnte si de Pereira am General net méi afänken. De Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer huet zum Schluss eng Avance vun 13 Punkten op den ten Voorde.

Den Dylan Pereira huet sech dës Saison dräi Victoiren am Porsche Supercup geséchert. Zu Imola, zu Spielberg an zu Spa-Francorchamps stoung de Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer ganz uewen um Podium.

Nom Championstitel vum Pereira ka sech Lechner Racing iwwer zwee Titelen an dëser Saison freeën. De leschte Weekend hat ee mat de Pilote Pereira, King a Buus scho fréizäiteg d’Klassement vun den Ecurië gewonnen.

De Sportminister Georges Engel huet dem Dylan Pereira kuerz drop an engem Schreiwes gratuléiert

Un rêve devient réalité ! BRAVO !

Cher Dylan,

Mes sincères félicitations pour ta victoire au classement final du Porsche Mobil 1 Supercup 2022 équivalent du titre de champion. Ton premier ! Bravo !

Une récompense ô combien méritée après une saison fulgurante, fruit d’un travail assidu, persévérant et consciencieux et ce avec le soutien d’une équipe performante et bien rôdée.

Bravo Dylan pour ta superbe saison et bonne chance pour la suite qui s’annonce intéressante.

En vrai ambassadeur sportif du Grand-Duché de Luxembourg, tu as contribué à l‘image de marque de notre pays, fidèle au slogan “Lets’make it happen”.

You did it!

s.Georges Engel
Ministre des Sports

Back to Top
CIM LOGO