Beim Qualifying fir de grousse Präis vun Éitsräich zu Spielberg konnt den Dylan Pereira déi beschten Zäit op de Circuit bréngen. De Lëtzebuerger hat um Enn 118 Dausendstel Avance op den Jaxon Evans aus Neiséiland. De Leader am General, den Hollänner Larry ten Voorde koum beim Qualifying um Enn op déi 4. Plaz.
D’Course gëtt de Sonndeg um 12:10 live op RTL.lu an um RTL Play iwwerdroen.